All News

News




Drénkwaaserproblem an de lëtzebuerger Geméngen

13. Januar 2005
Wéinst enger Verknaschtung vum Drénkwaasser mat Kolibakterien soll ee kee Krunnewaasser drénken, oder awer ët zéng Minutte laang oofkachen.

D' MUSEP spillt e Kleesercheslidd

02. Dezember 2004
Fotoe vum MUSEP Grupp vun dësem Schouljoer sin online!

Ausserdem kënnt der lauschteren, wéi d'Kanner d'Lidd spillen "Léiwe Kleesche, gudde Kleeschen" a méi enger onbekannter Versioun. De Fichier huet 750 Kb. Den Download kann also je no Verbindung méi laang daueren.

Dir fannt den Text vum Lidd mat Partitur an mp3 ennert Musep-Liddtexter-Léiwe Kleesche gudde Kleeschen

Der Delfin und der Hai

29. November 2004
E puer Kanner aus der Klass vum Patricia Weitz a vum Jean-Claude Sonnen hun eng Geschicht geschriwwen: Der Fisch und der Hai vum Julian, vum Gilles a vum Cyrille

Michel Cloos als Delegéierten vum Léierpersonal erëmgewiëlt

22. November 2004
De Michel CLOOS ass e Méindeg, den 22. November, mat grousser Majoritéit vun de Stëmmen als Delegéierten vum Hesper Léierpersonal erëmgewiëlt gin, an dat fir 31. Kéier. Mir gratuléieren..

Woch vun de Kannerbicher

20. November 2004
D'Elterevereenegung vun Hesper (APEH) invitéiert op d'Woch vun de Kannerbicher, déi si an Zusummenaarbecht mat der Librairie Ernster zu Izeg an der Buvette vum Centre Culturel organiséiert, an zwar vum 25. bis den 27. November 2004.
Wéini ass op ?
-Donneschdes vun 9.00 bis 11.00 Auer a vun 15.00 bis 18.00 Auer (Um 15.00 Auer Virliësungen vun der Mme Chr. Ehlinger an um 17.00 Auer vun der Mme Dany Gales)
- Freides vun 9.00 bis 11.00 Auer a vun 14.00 bis 18.00 Auer
- Samschdes vun 10.00 bis 16.00 Auer
Hei weider Detailer...

D'Klass vum Patricia WEITZ a Jean-Claude SONNEN sangen...

10. November 2004
D'Klass vum Patricia WEITZ a Jean-Claude SONNEN war am Muséksall an huet e Lidd opgeholl: Hundertzwei Gespensterchen. Halloween as zwar schon eriwwer, mee bon...

Antolin

13. Oktober 2004
Eng interessant Initiativ fir Kanner d'Liësen méi no ze bréngen ass de Website www.antolin.de ,dee vum däitschen Schroedel-Verlag geréiert get. D'Kanner kënnen sech aloggen a Froën zu bekannte Kannerbicher beäntwerten. Eng 5000 Bicher stin zur Verfügung.

Bilder einer Ausstellung

20. August 2004
D'Schoulkanner aus de Mëttel- an Uewergraden haten d'"Bilder einer Ausstellung" vum Modest Petrowitsch Mussorgski gelauschtert. Si hun doropshin eng Partie vun denen Biller nogemolt. Hei kënnt der se kukken.

De Klangwanderwee zu Houschent

20. August 2004
D'Kanner aus der MUSEP haten de 6. Juli en Ausfluch op Houschent gemat. Do hun si de Klangwanderwee gemat an déi riiseg Instrumenter bewonnert.

D'Klass vum Christiane Staudt huet Izeg nogebaut

20. August 2004
D'Kanner aus der Klass vum Christiane Staudt vun Izeg hun hiet Duerf nogebaut. Et war anscheinend e grousst Stéck Arbécht. Op si lo all Architekte gin..?

En Ardenner am Houwalder Bësch

20. August 2004
Den 1. Juli war en echt Ardennerpäerd am Houwalder Bësch: de Bijou. D'Klasse vum Michel DONVEN, Myriam HAAS a Liane GREISEN waren ët besichen an hun och Texter driwwer geschriwwen.