All News

News




Scheckiwwerreechung

08. August 2003
D'Klass vum Françoise Feyder vun Izeg hat 600 € gesammelt fir Indesch Patenschaften (Verkaf vun hirem Buch). E grousse Bravo fir si all!

An der Chamber

17. Mee 0024

D'Klass vum Misch Torres a Patricia Weitz war an der Chamber op Besuch an d'Kanner hunn sech do mam Marc Goergen ënnerhal an hunn och de Claude Wiseler begéint.


Neie Website online !!!


De neie Website vun den Hesper Schoulen ass elo online - et gëtt nach un alle Plaaze geschafft, mir hoffen awer geschwënn all Informatiounen online ze hunn !!!

Kanner hëllefe Kanner


Ausstellung a Verkaf fir de gudden Zweck vu Wierker vu Kanner aus de Cours'ën vun "Art à l'Ecole". Vum 25. bis de 27. Abrël 2003 am CIPA um Houwald.

"Portes Ouvertes" vun de Lyceeën rond erem d'Stad


Athénée: Samschden, 17. Mee 2003 (vun 9.15 Auer un)
Dënschden, 20. Mee 2003 (vun 19.00 Auer un)
Lycée Michel Rodange: Mëttwoch, den 14. Mee 2003
Lycée de Garçons Luxembourg: Samschden, 14. Juni 2003 (vun 9.30 Auer un)
Lycée Robert Schuman: Donneschden, 12. Juni 2003 (17.00 - 19.00 Auer)
Lycée Technique Aline Mayrisch: all Donneschden um 15.00 vum 15. Mee bis 19. Juni 2003
Lycée Technique des Arts et Métiers: keng "Porte Ouverte"
Lycée Technique du Centre: keng "Porte Ouverte"
Lycée Technique Michel Lucius: keng "Porte Ouverte"
Lycée Technique Bonnevoie: Samschden, 29. März
Lycée Technique privé Emile Metz: Donneschden, 24. Abrël (ab 19.00 Auer)
Samschden, 17. Mee 2003 (vun 13.00 bis 17.00 Auer)
Lycée Technique Josy Barthel ,Mamer: Samschden, 10.Mee an 17.Mee (9.00 - 12.00 Auer)

Biller Sportsdag 2003


Hei si Biller vu verschiddenen Aktivitéiten vum Sportsdag 2003 aus eiser Gemeng !
Enner anerem gouf Volleyball, Basketball, Badminton, Dëschtennis ... gespillt, Mountainbike gefuer, Aérobic gemat, gelaf ...

"De Kuckuck an den Iesel"


Déi éischt Biller vum Theaterstéck "De Kuckuck an den Iesel" sin online. Dëst Theaterstéck ass eng Zesummenarbécht vun der MUSEP mat de Klasse vum Edmée Raison / Michèle Lemmer a Martine Roster. Première wor e Freiden de 4. Abrëll am Centre Civique zu Hesper. Samsdes den 12. Juli 2003 ass eng 2. Opféirung op der nämlechter Plaz.

Kloni Klunnes


Dat neiste Buch vun eiser Kollegin Christiane Ehlinger ass eraus:
"Kloni Klunnes" mat CD an Aarbechtsheft (fir Kanner vun 3 Joer un)

Photoalbum


Seit kuerzem kritt dir hei Accès op de Fotoalbum. Do kënnt dir all Photoe kukken, déi op eisem Site ze fanne sin.

Mir molen wi den Friedensreich Hundertwasser


Biller aus der Klass vum Mariette Eschette ënnert der Leedung vum Christiane Lang.