All News

News




Hei sinn déi nei Schoulregelen vun der Houwalder Schoul

25. November 2011
Allgemeng
Ech lauschteren no a weise Manéieren.
Ech respektéieren de Mënsch, d’Material an d’Ëmwelt.
Ech dinn kengem wéi, weder mat Wierder nach mat kierperlecher Gewalt.
Ech klauen net a brénge keng geféierlech Saache mat an d’Schoul.
Ech benotze keen Handy an der Schoul.

Am Gebai
Am Gang lafen ech net, man keen Kaméidi an ech hiewe mäi Schoulsak op.
Ech rutschen net um Glënner rof.
Ech spillen net mam Ball am Gebai a fueren och net mam Kickboard am Gang.
Ech halen d’Toilette propper a wäsche meng Hänn.

Am Haff
10 Minutten ier d’Schoul ugeet (7h45 an 13h50) an an den Pausen dierf ech net mam Vëlo, Skateboard, Roller, Inline skates etc am Schoulhaff ronderëm fueren.
Wann ech an d’Schoul eran well ier et schellt muss ech den Surveillant froen.
Ech bleiwen a mengem Haff (ech klammen net op d’Gitter an ginn net hannert d’Schoul bei den Portier oder an den aaneren Haff).
Fir an der Paus op d’Toilette ze goen oder fir de Ball sichen ze goen, muss ech den Surveillant froen.
Ech schéissen net mam Ball an d’Fënsteren.
No der Schoul um 16h (wann Hausaufgabenhëllef ass) soll ech am Schoulhaff keen Kaméidi man.



Nei Fotoen op der Säit vun der Grondschoul Izeg

22. November 2011

Gitt se kucken.


D'Kanner vun Izeg aus dem Cycle 4.2 erklären de Kanner aus dem Cycle 1 de Blutkreislauf

11. November 2011
Nodeems d'Thema an der Klass behandelt gouf, hunn sech d'Kanner aus dem Cycle 4.2 virbereed fir de Kanner aus dem Precoce an der Spillschoul dest komplizéiert Thema e besse méi no ze bréngen.
Dobäi hunn si hiert Material selwer erschaffe mussen an och iwwerluecht wéi si dat am beschte weise kënnen.
Hei sinn e puer Fotoen dovun:

Les menus au restaurant scolaire pour les semaines 45 - 50

29. Oktober 2011

Aus der Klass vum Tom Schneider: Äppelkompott, Art dans la nature a Viez

29. Oktober 2011
Hei sinn d'Fotoen.

Klassen LEYDER a SCHLEY vum Howald-plateau an de Gromperen zu Wahl

29. Oktober 2011
Hei sinn d'Fotoen

Scheckiwwerreechung Fondatioun kriibskrank Kanner

28. Oktober 2011
De 17. Oktober huet de comité d'école vum Houwald der Fondatioun kriibskrank Kanner e Schéck vun 6000€ iwwerreecht. Dat ass den Erléis vun eisem Schoulfest. Mir soen alle Leit, grouss a kleng, merci di dozou bäigedroen hunn.

Scheckiwwerreechung vun der Izeger Grondschoul un Médecins sans frontières an un d'Päerdstherapie

27. Oktober 2011
D'Kanner aus der Grondschoul Izeg hunn de 26. Oktober e Scheck vun 1000 Euro un Médecins sans frontières an e weider Scheck vun 1000 Euro un d'Päerdstherapie iwwerreecht.

Election des représentants des parents d’Itzig 2011

26. Oktober 2011

Dans l'école d'Itzig-Plateau, jeudi 27 octobre 2011 à 19.00


Candidats
---------

- Monsieur Romain BERNARD

- Madame Jeannine GEFFROY-WEIS

- Monsieur Antoine HAAG

- Monsieur Patrick MENEGUZ


Les menus au restaurant scolaire pour les semaines 37 - 43

19. September 2011

Mini-Hesper

19. Juli 2011
D'Spillstad Mini-Hesper huet pünktlech um 18.Juli hir Paarten op gemat.
All Informationen fannt Dir um Site www.minihesper.lu