All News

News




Les vacances approchent...

14. Juli 2008
Fotoen vum Ausflug vun dem Caroline Obertin senger Klass um Stausee, Fotoen vun dem Michel Torres senger Klass zu Liège a Fotoen vum Schoulfest 2008. Hei sinn d'Fotoen.

An hei si Fotoe vun der Maxi-Olympiad um Schoulfest.

D'Klass vum Myriam Haas war um Wibbel an Dribbel

11. Juli 2008
Hei sinn d'Fotoen.

D'Klass vum Michel Torres beim Standard de Liège

11. Juli 2008
Nodeems dem Misch seng Klass de Concours Campus Quick 2008 gewonnen hat, an 2 Séiten am Essentiel realiséiert hat, waren si alleguer gescht zu Liège beim Standard invitéiert. D'Fotoen aus dem Essentiel fannt dir hei

En Don fir d ATE

11. Juli 2008
D'Kanner aus de Spillschoulen an den 1. Schouljoren vum Houwald-Plateau hun der ATE (Association Thérapie Equestre) vu Monnerëch en Don vun 850 Euro iwwerreecht déi si erakruten beim Verkaf vun hiren "Bilder einer Ausstellung" nom M. Mussorgski.

Hei kritt dir nach eemol e puer Andréck vun der Ausstellung

An hei fannt dir weider informatiounen iwwert d'ATE

Cooking for Life 2008: Scheckiwwerreechung

11. Juli 2008
D'Aktioun "Cooking for Life" hat dest Joër net manner wéi 6900 € zusummebruecht.
Den 10. Juli war d'Scheckiwwerrechung vum Hesper Léierpersonal un d'"Fondatioun Kriibskrank Kanner".

Am Parc Merveilleux

09. Juli 2008
D' Klasse vum Patricia WEITZ, Jean-Claude SONNEN an Tom SCHNEIDER waren haut op Betebuerg an de Parc Merveilleux. Hei gesidd dir wat si do gemat hun.

An hei geet et op d'Homepage vum Parc Merveilleux fir weider Informatiounen wat do alles ugebuede gëtt.

Kanner hellefe Kanner

09. Juli 2008
De Basar um Houwald war e groussen Erfolleg. Iwwer 4000 Euro sinn zesumme komm.

2 drett Schouljoren vum Houwald zu Veianen um Ausflug

08. Juli 2008
Hei sinn d'Fotoen.

Sportsfest zu Izeg

08. Juli 2008
Déi ganz Primaireschoul vun Izeg hat sech op de Wee op den Holleschbierg gemaach, fir e ganze Moien Sport ze maachen.

Déi zwee 6. Schouljoer vun Izeg waren op Paräis

08. Juli 2008
Vum 25. bis den 27. Juni waren déi zwou Klassen op hierem Ausfluch.
Si hunn eng kleng Fotogeschicht dovu gemaach!

Ausflug vum 3. an 4. Schouljoer vun Izeg

08. Juli 2008
D'3. Schouljoer vum Annick Muller-Lemmer an d'4. Schouljoer vum Sandy Greisch-Alessio waren an den Eiffelpark.

D'4. Schouljoer um Giele Botter zu Péiteng

08. Juli 2008
D'Sandy Greisch-Alessio war mat senger Klass op de Giele Botter an d'Natur.