All News

News




Wierkbänk Aféierung

09. Januar 2008
Zesumme mat den Elteren gouf zu Fenténg an der Spillschoul endlech d'Wierkbänk erëm a Betriib geholl.

Et gouf mat vill Asaz a Spaass geseet, gehummert, geschrauwt, gebuert, gerappt a gewuddert, ëmmer mam groussen Zil, den eegene Wierkschäin...

Krëschtbazar zu Fenténg

09. Januar 2008
De 19. Dezember haten d'Kanner an d'Enseignanten op hire Krëschtbazar zu Fenténg invitéiert, wou si ënner anerem och hire Kalenner 2008 verkaf hunn. Den Erléis vun dësem Mëtteg geet un d'UNICEF fir hire Prrojet "All an d'Schoul".

Schéint neit Joer 2008

01. Januar 2008
D'Ekipp vun hesperschoulen.lu wënscht alle Kanner, Enseignanten an Elteren e glécklecht an erfollegräicht neit Joer 2008 !

De 19. Dezember war Kreschtbazar zu Izeg an der Schoul

21. Dezember 2007
Vill Leit haten de Wee an d'Schoul fond, ob jonk oder al.

De ganze Benefice vun dëser Aktioun kënnt de Kanner aus dem Burkina Faso zegutt. Weider Detailler komme no.

Kreschtbazar zu Izeg an der Schoul

13. Dezember 2007
Mir invitéieren Iech häerzlech op eise
Krëschtbazar
Mëttwochs, de 19. Dezember 2007

um 17.00 Auer: Krëppespill am Turnsall
« Die Räuber und der Stern »

vu 17.30 bis 19.30 Auer: Krëschtbazar zu Izeg an der Schoul

D'Kanner aus der Spillschoul an aus der Primärschoul hu fir Krëschtdag gebastelt a verkafen hir Konscht-wierker fir e gudden Zweck.

Mir ënnerstëtzen e Projet vun « Le Soleil dans la main A.S.B.L. » am Burkina Faso.

Fir de klengen Honger - an Duuscht - ass an eiser Kaffisstuff beschtens gesuergt.

Mir freeën eis op Äere Besuch !

D'Kanner an d'Léierpersonal
aus der Izeger Schoul

Protest Manifestatioun SEW-SNE

11. Dezember 2007
All zesummen de Mëtteg um 15.00 Auer op Bartréng an de Centre Atert.
Et geet em d'Revaloriséierung vun eiser Carrière !!

D'Stéphanie Klepper huet mat de Kanner Keith Haring gemolt

07. Dezember 2007
Hei sinn d'Biller.