D'Spillschoulskanner vun Hesper hun iwwert de Paul Klee geschwat a Biller gemolt. D'Ausstellung vun hire Wiërker as an der Buvette vum Centre Civique zu Hesper a kann nach bis e Mëttwoch, den 23.Mee, während de Schoulstonnen, besichtegt gin. Hei sin e puer Impressiounen.
All Kanner aus eise Schoulen sinn dozou opgeruff en neie Logo fir www.hesperschoulen.lu ze molen. Déi faerdeg Biller kenn der bei folgenden enseignanten oofginn: -zu Hesper beim Raymond Haupert -zu Izeg an Alzeng beim Jean-Claude Sonnen -um Houwald beim Claude Ries