D'Kanner aus dem 1. Schouljoer vum Cathia Nanquette hun en Adventskalenner als Zuch gebastelt. Hei ass d' Foto am groussen.
Der Drache von Wawel
10. Dezember 2006
E puer Kanner aus den 2. Schouljoren vum Houwald hun e polnëscht Maerchen nei geschriwwen: Der Drache von Wawel. Hei kënnt der d' Webbook liesen.
Advents Bazar zu Izeg
10. Dezember 2006
E Mëttwoch dem 20. Dezember 2006 ass Adventsbazar an der Schoul vun Izeg vun 17.00 bis 19.30 Auer. Dir kënnt do Kadoe bewonneren a kaafen déi d'Kanner selwer gebastelt hun. Den Erléis ass fir eng Schoul fir daafstomm Kanner am Norden vum Vietnam (Caritas).
Ausserdem invitéire mer iech op e Concert mat Krëschtlidder.
L'école d'Itzig vous invite au bazar de noël qui aura lieu mercredi le 20 décembre 2006 de 17.00 à 19.30 h.
Vous pourrez admirer et acheter des cadeaux de noël réalisés par les enfants. Le bénéfice sera au profit d' une école pour enfants sourds-muets au Vietnam (Caritas).
Nous vous invitons aussi à notre concert de noël.
Des gâteaux et des boissons vous serons servis dans notre "cafétéria".
De Rapport vum Comité des Enseignants vum 7.November ass online. Dir fand en am Teacherberäich.
Patrick Remakel neien Delegéierten vum Hesper Léierpersonal
15. November 2006
De Patrick REMAKEL ass haut zum Delegéierte vum Hesper Léierpersonal gewielt ginn. Hie gett domat de Successeur vum Michel Cloos, deen no 32 Joër an där Funktioun net méi kandidéiert huet.