All News

News




An de Wéngerten

30. September 2006
Schoulkanner aus de Klassen vum Patricia WEITZ a vum Jean-Claude SONNEN waren an d'Wéngerte fir bei der Drauwelies ze hëllefen. Mëttes hu si d'Kellerei zu Wellesteen besicht. Hei sin d'Fotoen

E Lidd fir Pappendag

29. September 2006
D'Kanner aus de Klasse vum Patricia WEITZ a vum Jean-Claude SONNEN sangen e Lidd fir Pappendag. Lauschtert mol eran. De Fichier huet 316 kb.

Rentrée

17. September 2006
Mir wënschen alle Schüler, Elteren an Enseignant'en e flott an erfollegräicht Schouljoër 2006/2007.

A Schmatten

17. Juli 2006
Schoulkanner vun Izeg hun en Dag um Bauerenhaff verbruet. Hei sinn d' Fotoen vun hirem Ausfluch A Schmatten.

Naturmusee

12. Juli 2006
D'Klass vum Françoise FEYDER vun Izeg war am Kader vun enger Visite am Naturmusee an de Bësch. Hei sinn e puer Andréck vun hiren Erliefnisser.

Aus der Spillschoul vum Houwald

06. Juli 2006
D'Kanner aus dem Georgette Marchal senger Klass hun de Reeboufesch opgefouert.All Klassen déi kucke komm sinn waren begeeschtert! Hei sin d'Fotoen

Expo iwwer Afrika

29. Juni 2006
D'Spillschoulskanner vun der Joffer Mick Jeanpierre an der Joffer Martine Wagner vun Hesper invitéieren op eng Ausstellung iwwert Afrika a besonnesch iwwert Gambia, an zwar e Freiden, den 7. Juli ab 15.30 Auer an hirem Klassesall. Bei deeër Gelegenheet kann een och Bijouën kafen, déi vun den "Amis de Gambie" zur Verfügung gestallt gi sinn. Den Erléis kënnt de Kanner aus Gambia ze gudd.