All News

News




Autorenlesung Martin Auer

08. Mee 2004
E Méindeg, den 10. Mee liëst den éisterräicheschen Schrëftsteller Martin AUER fir d' 3. a 4. Schouljoëren aus eiser Gemeng. Dësen Auteur ass de Kanner schon deelweis bekannt, well verschidden vun sengen Texter an eise Liësbicher ze fanne sin.
Weider Informatiounen iwwert de Martin AUER get et op senger Homepage www.martinauer.net !

D'Lynn an de Charel vum Chr. Ehlinger : e Buch op lëtzebuergesch iwwert d'Sexualitéit

28. Abrëll 2004
Dëst neit Buch vum Christiane Ehlinger iwwert d'Sexualitéit riicht sech u Kanner vun 9 Joër un. Et kann an der Schoul och gudd am "Education morale et sociale" oder "Sciences"-Unterricht benotzt gin
Et gët editéiert vun der Imprimerie Centrale. Weider Informatiounen fand Dir hei !

Aus der Klass vum Myriam Haas

21. Abrëll 2004

Fréijoërsbeem

18. Abrëll 2004
Fréijoersbeem gemolt vum 3. Schouljoër vum R.Haupert (Hesper)

D'1. Schouljoeren vum Houwald am Oeko-Center-Hesper

25. Mäerz 2004

Butzendag vun der LASEP zu Hesper

22. Mäerz 2004
En Donneschden, den 18. März, hun sech iwwer 100 Kanner zu Hesper an der Sporthal Holleschbierg zusumme fond, fir eng Stonn laang mateneen ze spillen.Eis Dirigente Iris Manzoni hat deen Nomëtteg ënnert d'Thema "Am Määrchebësch" gestallt an eng ganz Rei flott Spiller fir déi Kléng organiséiert.
Hei get et e puer Foto'ën ze gesin!

Marihuana, Shit , Haschisch , Gras ...

17. Mäerz 2004
D'Elterevereenegung vun der Gemeng Hesper (APEH) invitéiert op en Informatiouns- an Diskussiounsowend iwwert d'Drogeproblematik ënnert dem Titel: "Marihuana, Shit, Haschisch, Gras, ... " ënnert der Leedung vum Thérèse Michaelis (Psychologin, Directrice vum CePT (Centre de Prévention des Toxicomanies)).
Des Veranstaltung ass, en Dënschden, den 23. März 2004 um 20.00 Auer an der Buvette vum Centre Civique zu Hesper.
Weider Detailer heizou fannt Dir hei !

Schülerrot zu Hesper

14. Mäerz 2004
Zënter Januar 2004 get et zu Hesper e Schülerrot, den sech iwwer verschidde Froën ronderem d'Schoul bekëmmere soll. Detailer heiriwwer fand Dir hei hei

Biller zu den Joreszéiten aus dem 1. Schouljoer vum Houwald

10. Mäerz 2004

Bichervaliss an der Izeger Schoul

29. Februar 2004
Dem Marie-Josée Marson seng Klass vun Izeg huet de Bicherkoffer getest. Liest mol, wat hier Andréck waren...

Classe de Neige zu Morzine

26. Februar 2004
Dem Françoise Feyder seng Schüler vun Izeg hu Rapport gemat iwwert hier Classe de Neige zu Morzine. Hei gitt der méi gewuer...