All News

News




Mir molen wi den Friedensreich Hundertwasser


Biller aus der Klass vum Mariette Eschette ënnert der Leedung vum Christiane Lang.

Coupe scolaire 2003


E Samschden, de 14.Juni, hun sech iwwer 100 Kanner aus de 5. a 6. Schouljoëren aus eiser Gemeng un der Coupe Scolaire Circulation bedeelegt.
Si hun dobäi misse weisen ,dat se op engem schwéiere Parcours duurch d'Stroosen vun Alzeng, amstand sin, secher am Stroosseverkéier Velo ze fueren. Fräiwëlleg Controlleuren hun dat iwwerwaacht.
Hei sin weider Fotoën iwwert desen Event!

Lultzhausen


D'Klass vum Christiane Staudt a vum Marie-Josée Marson waren op Lëltz (Lultzhausen). De Kanner hire Rapport ass schon online (beim Christiane Staudt senger Klass). D'Fotoe kommen no...

Schoulfest 2003


Idealt Wiëder, awer och eng perfekt Organisatioun an de grousse Engagement vun alle Bedeelegten, hun d'Schoulfest 2003 zu Hesper zu engem groussen Erfolleg gemat. Ennert der Regie vun der APEH (Association des Parents d'Elèves de Hesperange) gouf et vill Freed fir Grouss a Kléng. Weider Foto'ën doriwwer demnächst hei !

Concert fir d'Enn vum Joer


D'Biller vun eisem Concert vum Enn vum Joer um 12. Juli 2003 sin online. Bedeelegt waren d'MUSEP Sektioun Hesper, Hesper Schoulklassen, eng Walfer Schoulklass, eng Äischener Schoulklass, eng Schoulklass vu Gaasperëch an e Grupp Schoulmeeschteren.

Hei fannt dir d'Biller.

Verkaf Schülerzeitung


De Verkaf vun der Schülerzeitung vun de 6. Schouljoëren vum Mariette Eschette a Raymond Haupert hun 915 € zu Gonschten vun der Asbl "Hëllef fir kriibskrank Kanner" bruecht. E grousse Merci un d'Schüler fir hiren Asaz !

Rentrée


E Mëttwoch, de 15. September geht d'Schoul erem un. Mir hoffen, jiddfereen hat eng schéi Vakanz a kann elo mat neiem Elan dat neit Schouljoër ugoën. D'Cours'en si mueres vun 7.55 bis 12.00 Auer a mëttes vun 14.00 bis 16.00 Auer.

Den neie MUSEP Grupp spillt...


Den neie MUSEP Grupp vun dësem Schouljoer huet säin éischt Arrangement agespillt: "De kléngen Iesel". Jo, sou heescht ët wierklëch!!! Mee den Numm huet awer keng speziell Bedeitung. ;-)