T'ass Kiirmes am Duerf

Midi-Fichier
T'ass Kiirmes am Duerf,
an de Spillmann ass do,
déi Jonk, déi danzen,
déi Al kukken no.
1. De Bert danzt mam Bärbel an d'Frasel mam Franz, Masurka a Polka a Konterdanz.
2. Knapps dat se eng Walz, hanneru sëch hun, da fänken se gläich mam Minnewee un.
3. D'Mareikätt dat gloust a pespert mam Klees, de Jenni gët heemlëch dem Jeanny eng Bees.
4. Den Tun seet zum Tréischen, ëch hun dëch sou gäer, an d'Tréischen zum Tun mir gi mar bei den Här.