Fenteng

Historik vum Projet 'Eng Schoul fir s'all - eng Schoul fir d'Liewen !'


Brochure-Cover2002-2006


2002 gouf dëse SCRIPT-Projet mat der wichteger Ënnerstëtzung vun ë.a.
- der deemoleger Schoulinspektesch (Mme Simone Heinen),
- der deemoleger Hesper Buergermeeschtesch (Mme Marie-Thérèse Gantenbein),
- dem Erzéiungsministär
- der Hesper Schoulkommissioun
zu Hesper an d'Liewe geruff - an der Spillschoulsklass vum Edmée Raison a Michèle Lemmer ( 1/2 Tâche ).

Haapt-Objektiver:
- Chance-Gläichheet fir s'all
- sech an der Schoul wuelfillen ( Kanner, awer och Enseignanten an Elteren ), fir gutt léieren a progresséiren ze kënnen
- Weiderentwécklung an Ausbau vum Projet an de Primär eran, fir spéider idealerweis ee ganzt Schoulgebei no engem gemeinsame Konzept fonktionnéiren ze loossen

Haapt-Aarbechtsakzenter:
- de Kanner hirer Individualitéit bewosst Rechnung droen
- systeematesch Kooperatioun mat de Kanner hiren Elteren ( -> informéiren, interesséiren, implizéiren )
- geziilte Sproochförderung a Förderung vun der phonologescher Bewosstheet
- Interkulturalitéit ( -> viruurteelsbewosst Pädagogik )
- Gender ( -> geschlechtsbewosst Pädagogik )

Methodesch Grondsätz:
- Team-teaching ( 1 1/2 Tâchen )
- ee léiert vun deem aneren ( - Kanner -Enseignanten - Elteren an aner 'Experten'- )
- pädagogescht Differenzéieren
- Schaffen a klenge Gruppen an an Atelieren
- 'Traditiounen' ( -> strukturéierten Opbau vum Schouljoer )
- Transparenz: Präsentatiounen an Dokumentatioun vum Projet (z.B. Rapport de fin d'année un d'Autoritéiten ), Austausch mat intresséierte KolleegINNen ...
- Qualitéitssëcherung: ë.a. duerch reegelméisseg Supervisioun, Evaluatioun a Weiderbildungen


2005-2006:


Am Schouljoer 2005/2006 ass et virrangeg drëms gaangen, de Spillschoulsprojet 'Eng Schoul fir s'all - eng Schoul fir d'Liewen!' zesumme mat motivéierte Leit aus dem Primär weider auszebauen.
Nieft sëllechen Aarbechtstreffen a Versammlungen mat deenen intresséierten Enseignanten aus dem Primär - an deelweis och a Präsenz vun eiser Inspektesch, der Mme Francine Vanolst - hu mir och un enger ganzer Rei vu Formatiounen a Schoulvisitten deelgeholl, respektiv hu se selwer geleed.
( N.B.: D'Michèle war bis Mäerz 2006 am Congé parental an ass bis dohi vun der Mme Germaine Kirsch ersat ginn. )


2006-2007:


Den ursprüngleche Spillschoulsprojet ‚Eng Schoul fir s’all – eng Schoul fir d'Liewen!' ass am Schouljoer 2006/2007 e grousse Schrëtt viru komm: et ass 1 Spillschoulsklass bäikomm an de Projet ass endlech och an de Primär eran ausgebaut ginn.
Well d'Fentenger Schoulgebei ( fréieren I.E.E.S.) eréischt renovéiert gouf, sinn di 2 Spillschoulsklassen ( mat ausschliisslech Fentenger Kanner ) fir 1 Joer an dat aalt Schoulgebei zu Izeg am Duerf 'tësche-geplënnert'.
Di 3 Primärschoulsklassen ( 1., 2. an 3. - ebenfalls mat Fentenger Kanner ) goufe fir den Iwwergang am Hesper Gebei ënnerbruecht.
Dës 5 Klassen hunn 2006/2007 ugefaang, dat gemeinsamt Konzept a klenge Schrëtt ëmzesetzen.


2007-2008:


ass d'Fentenger Schoulgebei dunn esou wäit prett gewiescht, dass de ganze Projet d'établissement elo ënnert een an dee selwechten Daach zesummegeplënnert ass:
- Cycle 1: 2 Spillschoulsklassen, déi an engem Gesamtgrupp (41 Kanner) vereent sinn
- Primär: Cycle 2 ( 1. an 2. Schouljoer ) + Cycle 3 ( 3. a 4. Schouljoer )


2008/2009:


ass elo nach eng Klass bäikomm, d'5. Schouljoer. ( 2009/2010 wäert dann de 4. Cycle komplett an domat d'Fentenger Gebei och ausgelaascht sinn. )
Domat huet sech eist Enseignants-Team nach eng Kéier vergréissert, an et gouf och deelweis erneiert.

Fir dëst Schouljoer hu mir eis virgeholl, gemeinsam op folgenden, prioritäre Punkte virun ze kommen:
- Team-teaching an all Cycle
- Ausbau vun der verstäerkter Zesummenaarbecht tëscht Spillschoul a Primär, respektiv tëscht all de Cyclen
- Schaffen a Cyclen an an altersgemëschten Atelieren
- Spillschoul: de Kanner hire Portfolio systeematesch opbauen an asetzen
- Primär: Schaffe mat engem differenzéierte Wocheplang
- systeematesch Zesummenaarbecht mat den Elteren ( informéieren, intresséieren, implizéieren )
- Supervisioun: reegelméissegen Teambuilding a - coaching
- gemeinsam an individuell 'Formation continue'
- Transparenz: Präsentatiounen / Dokumentatioun vum Fentenger Projet
- Ausbau vun der Schoulmediathéik
- ...
Och dëst Joer mangelt et also net un Aarbecht a Motivatioun, an di nächst kleng Schrëtt sinn och schons an Ugrëff geholl!