All News

News




Paul Klee an der Spillschoul zu Hesper

20. Mee 2007
D'Spillschoulskanner vun Hesper hun iwwert de Paul Klee geschwat a Biller gemolt. D'Ausstellung vun hire Wiërker as an der Buvette vum Centre Civique zu Hesper a kann nach bis e Mëttwoch, den 23.Mee, während de Schoulstonnen, besichtegt gin.
Hei sin e puer Impressiounen.

Wouhi mat all deem Dreck

16. Mee 2007
D'Klassen vum Jean-Claude SONNEN a vum Patricia WEITZ vum Houwald waren op Izeg eng Visite vum Recycling Center man. Hei sinn d' Fotoen.

Opruff

08. Mee 2007
All Kanner aus eise Schoulen sinn dozou opgeruff en neie Logo fir www.hesperschoulen.lu ze molen. Déi faerdeg Biller kenn der bei folgenden enseignanten oofginn:
-zu Hesper beim Raymond Haupert
-zu Izeg an Alzeng beim Jean-Claude Sonnen
-um Houwald beim Claude Ries

Rapport vum Comité des Enseignants

03. Mee 2007
De Rapport vum Comité des Enseignants vum 19.März 2007 ass online. Dir fannt en am Teacherberäich.

Reiden um Sportsdag

29. Abrëll 2007
D'Klassen vum Caroline OBERTIN a vum Cathia NANQUETTE vum Houwald waren um Schoulsportdag reiden. Hei sinn d' Fotoen.

D'Paerd sinn vun der ATE. Si ginn am Beräich vun der Hippotherapie an der Voltige Curative agesat. Hei geet et bei der ATE hir Homepage.

Télévie2007 um Houwald

28. Abrëll 2007
Hei sinn d'Fotoen.

Télévie 2007

20. Abrëll 2007
D'Schoul um Houwald invitéiert op den télévie-daag den 27.04 ab 16h30.
Um Programm vum Daag stinn verschidden Theateropféierungen an e Bazar wou d'Kanner Bastelsaachen verkaafen. Fir Iessen a Gedrenks ass natierlech och gesuergt.