All News

News




Sportsdag 2007

30. Mäerz 2007
Hei fannt Der Biller vun dene verschiddenen Aktivitéiten vum desjähregen Sportsdag an eise Schoulen: Houwald an Hesper-Izeg

Liz May um Schoulsportdag zu Hesper

29. Mäerz 2007
Als besonnesche Bonus kënnt d'Weltklass-Triathletin Liz May muer Freideg,den 30.März, nomëttes op den Hesper Schoulsportdag an encouragéiert déi jonk Duathleten ,déi un de Start vun engem Schnupper-Duathlon (Lafen an Velo fueren) ënnert der Leedung vun der FLTRI (Fédération Luxembourgeoise de Triathlon) ginn.
Rendez-vous ass ab 14.15 Auer hannert der Hesper Schoul an am Park!

Lignes et contours

28. Mäerz 2007
D' Klass vum Raym. Haupert vun Hesper huet am Konschtmusee an der Stad Biller gemolt ënnert dem Titel Lignes et Contours. Hei sin hir Wierker .

Schoulsportwoch 2007

27. Mäerz 2007
D'Klasse vum Véronique Müller a vum Isabelle Schumacher si Velo gefuer. Hei sinn d'Fotoen.

Beruffer

25. Mäerz 2007
D' Kanner aus der Klass vum Marie-Josée MARSON vun Izeg hun Interviewe gemat mat verschiddene Leit iwwert hir Beruffer.

Hei
ass den Interview vum Jérôme a vum Stefano mat engem Kach.

Hei
ass den Interview vum Jérôme a vum Jean-Marc mat der Besetzerin vun engem Butték.

Hei ass den Interview vum Olivier, Yannick a Luca mat engem Pilot.

Hei ass den Interview vum Sara a vum Jana mat enger Spillschoulsjoffer.

Hei ass den Interview vum Vanessa a vum Sam mat enger Léierin.

Schoulsportwoch 26.03-30.03.2007

24. Mäerz 2007
Ënner- a Mëttelgrad vun Hesper an Izeg hun Aktivitéiten an hirer Schoul.

Den Uewergrad vun Hesper an Izeg ass Freides Mueres um Holleschbierg (so wie den Houwald Donneschdes d.h. Atelieren Fussball, Basket, Kloteren, Badminton,..)

Zu Izeg ass Freides och nach en Télévies-Laf (Erléis-> Télévie).

Am Musee

21. Mäerz 2007
D' Klasse vum Jean-Claude SONNEN a vum Patricia WEITZ vum Houwald waren an de Konschtmusee an d'Stad. Si hu Biller gemolt a gekukkt ënnert dem Thema Formes et Motifs. Hei si Fotoe vun hirem Ausfluch.