All News

News




Die Zauberin Zilly...

28. Abrëll 2006
D' Yvonne aus der Klass vum Françoise FEYDER vun Izeg huet eng Geschicht geschriwwen: Die Zauberin Zilly hat Geburtstag. Hei ass säin Text...

Schoulsportdag bei de Päerd

07. Abrëll 2006
D' Kanner aus den 1. Schouljoeren vum Houwald waren am Kader vum Schoulsportdag e Méinden Ponie (an en Iesel) reiden.

Hei sinn d'Fotoen vum Tom Schneider.
An hei sinn d'Fotoen vum Jean-Claude Sonnen.

Mir soen der ATE (Association Thérapie Equestre) vu Monnerëch merci fir hir Ennerstëtzung.

Dem Lisa an dem Siméon hir Geschicht

27. Mäerz 2006
D' Lisa an de Siméon aus dem 1. Schouljoer hunn eng Geschicht geschriwwen. Hei ass hiren Text...

Spillen am Schnéi

09. Mäerz 2006
D' Kanner aus den 1. Schouljoeren vum Houwald waren an de Schnéi spillen.Hei si Fotoen.

Ouschternäschter

06. Mäerz 2006
D' Kanner aus den 1. Schouljoeren vum Houwald hun Ouschternäschter gebastelt.Hei si Fotoen.

Am Musee...

27. Februar 2006
D'Kanner aus der Klass vum Jean-Claude SONNEN waren och an de Musee an hunn do e Bild vum René Magritte Le sujet vivant gekukkt (cf Foto lénnks). Duerno hunn si e Bild an deem Genre gemolt.Hei sinn d' Fotoen vun hinne mat hire Biller.

Am Musee...

27. Februar 2006
D'Kanner aus der Klass vum Patricia WEITZ waren an de Musee an hu sech do e Bild ugekukkt ënnert dem Thema Le tableau et son cadre. Doduerch inspiréiert hunn si du selwer e Bild gemolt. Hei si si mat hire Wierker.

Fuesent an der Schoul um Houwald

27. Februar 2006
Hei sinn e puer Andréck vun der Fuesent an der Houwalder Schoul.

Ritterschëlder

15. Februar 2006
D'Kanner aus der Klass vum Jean-Claude SONNEN hu mam Tom SCHNEIDER Schëlder zum Thema Ritter gebastelt. Hei sinn d' Fotoen.

Téiliichtercher vum 1. Schouljoer um Houwald

25. Januar 2006
D'Kanner aus de Klasse vum Patricia Weitz a Jean-Claude Sonnen hu mat der Madame Weitz an dem Här Schneider Téiliichtercher gebastelt. Hei sinn d' Fotoen.

Hielemolereien

21. Dezember 2005
D'Houwalder 5. Schouljoere vum Véronique Müller an dem Isabelle Schumacher hu mam Alain Wilhelmy am Kader vun dem Geschichtsunterricht Hielemolereie wéi an der Steenzäit gemaach. Hei sinn de Schüler hir Meeschterwierker.

Der Tag des Baumes

11. Dezember 2005
D' Klass vum Marie-Josée MARSON huet matgemat bei der "Journée de l'arbre". Wann der ënner Projets-Webbooks-"Der Tag des Baumes" kukkt kënnt der zwee Texter driwwer liesen.