All News

News




Mias Welt

18. November 2005
D'Lisa aus der Klass vum Jean-Claude SONNEN (1. Schouljoer) huet eng Geschicht geschriwwen. Hei ass säin Text.

Unicef Artikelen an der Izeger Schoul

16. November 2005
Och dëst Joer verkeeft d'Marie-Josée MARSON a senger Klass zu Izeg Kaarten an Artikele vun UNICEF. Verkaf ass vum 21. November bis de 16. Dezember an der Klass vum 6. Schouljoer während de Pausen, an och Freides a Mettwochs um 16.00 Auer.

Travaux manuels

25. Oktober 2005
D'éischt Schouljoer vum Jean-Claude SONNEN huet mam Tom SCHNEIDER e Bam gebastelt. Hei sinn e puer Fotoen.

Rapport du Comité des Enseignants

25. Oktober 2005
De Rapport vun der Reunioun vum Comité des Enseignants vum 4. Oktober 2005 ass online. Dier fand en am Teacher-Beräich vun eisem Site.
N.B.: Dier braucht Aërt Passwuert fir déi Säiten ze besichen !

Eveil aux sciences

19. Oktober 2005
D'Klasse vum Carole KETTMANN, Patricia WEITZ a Jean-Claude SONNEN hun am Kader vun dem Eveil aux sciences Taarte gebak, Kompott gemat an Äppel an de Schokola gezappt. Hei sinn Fotoen vum Tom SCHNEIDER.

Musep 2005/2006

19. Oktober 2005
Hei sinn e puer Fotoen vum MUSEP Grupp vun dësem Joer.

Zirkus...

13. Juli 2005
Wéi schon déi Jore virdrun haten d'Klasse vum Edmée RAISON/Michèle LEMMER, Danièle DIEDERICH/Christiane KOHNEN/Ducky WILLEMS, a Martine ROSTER zesumme mat der MUSEP e Musical gemat. Dëss Kéier war d' Thema "Zirkus". An hei sinn d' Biller.

D'zweet Schouljoer vum Houwald um Fond-de-Gras

09. Juli 2005
Hei sinn Fotoen vum Claude.

An hei sinn Fotoen vum Jean-Claude.

Dag vum Buch zu Alzéng

29. Juni 2005
Zu Alzéng an der Schoul war den Dag vum Buch.Matgemaach hun déi 2 Spillschoulsklassen, d'éischt an d'zweet Schouljoër. Hei fannt Der hir Aarbechten

D' Wissbei

27. Juni 2005
D' Klass vum Patricia WEITZ a vum Jean-Claude SONNEN waren op Fëlschdreff bei d' Wissbei. Dat ass e Baurenhaff wou d' Kanner konnten Déire kukken, upaken a fidderen. Si konnten och nach Brout baken an e bëssen um Haff hëllefen. An hei sin d' Biller.

TOP 5 : D'Initiativ 'Freed um Liësen' deelt mat:

26. Juni 2005
D'Top 5-Liësspill ass ofgeschloss. Aus 14 virgeschloëne Bicher hu 75 Klassen vum 4. Schouljoër (dovun 4 Klassen vun Hesper) dës Top 5-Bicher als Lieblingsbicher gewiëlt:
Op der 1. Plaz ex aequo:
Das Adoptivzimmer - von Antonia Michaelis
an:
Sultan und Kotzbrocken - vum Claudia Schreiber
op der 3. Plaz:
Papas Hochzeit und andere Katastrophen
vum P.J. Petersen
op der 4. Plaz:
Mac Körty, der Hund, der vom Himmel fiel
vum Martina Dierks
op der 5. Plaz:
Das verrückte Klassenzimmer/Hitzefrei in Afrika
vum Jana Frey