All News

News




Comité des Enseignants

17. Juni 2005
De Rapport vun der Reunioun vum Comité des Enseignants vum 14. Juni 2005 ass online. Dier fand en am Teacher-Beräich vun eisem Site.
N.B.: Dier braucht Aërt Passwuert fir déi Säiten ze besichen !

Konschtunterricht zu Hesper

13. Juni 2005
Hei sin e puer Biller déi am Konschtunterricht an der Hesper Schoul entstan sin:
Fensteren vum 4. Schouljoër vum R.Brücher ënnert der Leedung vun der Mme Muller.
Geeschterstonn vum 4.Schouljoër vum R.Haupert


Top 5 - Liësconcours - Freed um Liësen (2)

29. Mee 2005
Och zu Hesper hun 2 Klassen beim "TOP 5" Liësconcours matgemaat an och si hu sech fir "Das Adoptivzimmer" vum Antonia Michaelis entscheed. Hei si Biller vun hiren Aarbechten:D' 4.Schouljoër vum Yvette Reckinger huet e ganzt Kapitelaus dem Buch illustréiert.
D' 4.Schouljoër vum Raym. Haupert huet eng Szen illustréiert, wouvun der hei e puer Detailer gesitt.
Fir méi Informatiounen iwwert desen interessanten Liësconcours git op de Site vun der Initiativ "Freed um Liësen"

Top 5 - Liesconcours - Freed um Liesen

24. Mee 2005
D'Klass vum Christiane STAUDT vun Izeg huet och dëst Joer rëm beim "Top 5 - Liesconcours - Freed um Liesen" matgemat. D' Buch dat si gewielt haten heescht "Das Adoptivzimmer". D' Biller vum Wierk sinn lo online. Et ass gemolt wéi eng Filmsträif. Dat als eng eenzeg Foto ze man war natiirlëch leider nëtt méiglech. Wann der awer d'Fotoe vu P1 bis P9 kukkt, dann hutt der d'Geschicht der Rei no.

Zarabina

22. Mee 2005
"Zarabina" heescht dat neit interaktivt Kannerbuch (mat CD-ROM) fir Kanner vun 3 Joër un vum Christiane Ehlinger.
Dir kënnt et bestellen, an dem Der 31 € op de CCPL LU18 1111 0316 5028 0000 vun der Imprimerie Centrale iwwerweist mam Vermierk "Zarabina".
Den Depliant am pdf-Format fannd Dir hei

Szerencs 2005

01. Mee 2005
Szerencs ass eng Stad an Ungarn déi mat Hesper jumeléiert ass. Dowéinst fënnt all Joer en Austausch vu Klasse statt. Dësst Joer waren zwou Klasse vun Izeg op Szerencs. D' Biller vun der Visite sinn lo online.

Schoulsportdag

24. Mäerz 2005
D' Spillschoulsklassen an d' Classe d' Attente vum Houwald-Plateau waren op Monnerëch op de Päerd vun der ATE reiden. D' ATE ass d'"Association Thérapie Equestre". Hir Paerd schaffe mat Leit déi eng physësch oder och eng aner Art vu Behënnerung hun. Op Grond vun hirem Asaz an dësem Beräich hun d' Paerd vun der ATE en einwandfreie Charakter an eegenen sech doduerch och gutt fir mat Spillschoulskanner ze schaffen.

Wann der méi wëllt iwwert d'ATE wëssen, da kommt der hei op hir Homepage.

An hei kënnt der d' Fotoe kukken déi de Moie gemat gi sin.

Buschtawen

23. Mäerz 2005
D'Kanner aus der Klass vum Christiane Staudt vun Izeg (4. Schouljoër) hun hir Initialen veréiwegt.

D' Klass vum Adrienne Manderscheid séngt...

01. Mäerz 2005
D'Kanner vum 5. Schouljoer vum Adrienne Manderscheid sangen d'Lidd Numb vu Linkin' Park. De Fichier huet 1.8 mb. Den Download kann also je no Verbindung méi laang daueren.

Hellef fir d'Tsunami Affer

04. Februar 2005
D'Klassen aus der Schoul vum Houwald hun durch de Verkaf vu Kalenneren 7000 Euro erakritt. Dëss Suen gin un d'UNICEF fir de Kanner a Südostasien ze hëllefen.

D' MUSEP spillt op den Orff-Instrumenter

03. Februar 2005
D'Kanner aus der MUSEP spillen d'Lidd "Eise Schnéimann", e Lidd aus dem Däitschen iwwersat vum Jean-Pierre ORIGER. De Fichier huet 695 kb.